VIDEO: HoffnungspianoMat Musek op de Sujet Kriibs opmierksam maachen

Fir säi Projet “My urban piano” ass den David Ianni a verschidde Stied gereest an huet op all Plaz en extra komponéiert Stéck gespillt.

Den "Hoffnungspiano" vum David Ianni (30.04.2018)
De Projet soll op d’Thema Kriibs an am spezielle Leukemie opmierksam maachen.

Mat sengem “Hoffnungspiano” huet den David Ianni fir d’Passagéier gespillt, fir hinnen eng Freed ze maachen, ma awer och fir op d’Thema Kriibs an am spezielle Leukemie opmierksam ze maachen.

Ënnerstëtzt gouf hie vun der "Association Don du Moelle". Op hirem Stand hu si iwwert d’Spende vu Knachemuerch informéiert.

Fir säi Projet “My urban piano” ass den David Ianni a verschidde Stied gereest an huet op all Plaz en extra komponéiert Stéck gespillt. Seng lescht Statioun war Berlin. De Piano gouf hei, beim Lidd “Friends”, vu Kanner ugemoolt. Doraus ass den "Hoffnungspiano" entstanen, mat deem hien elo op eng nei Rees geet.

D’Thema Leukemie läit dem David besonnesch um Häerz. D’Stéck “Friends” huet hie fir seng gutt Frëndin Lisa Berg komponéiert, dat de Kampf géint d’Leukemie leider net gewonnen huet. Wichteg ass him, dass d’Leit richteg iwwert d’Krankheet informéiert ginn, an dass ee weess, wat ee maache ka fir ze hëllefen.

Wéinst dem Projet “My urban piano” ass den David gewinnt, op aussergewéinleche Plazen ze spillen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.