VIDEO-ReportageEegeversuch- 5 Deeg komplett ouni Handy

Bei ville vun eis schellt den Handy de ganzen Dag. Dat mécht net nëmmen d’Ëmfeld nervös, ma och eis selwer.

Selbsttest - 5 Deeg komplett ouni Handy (18.06.2018)
Bei ville vun eis schellt den Handy de ganzen Dag. Dat mécht net nëmmen d’Ëmfeld nervös, ma och eis selwer.

Ëmmer méi Leit maachen dowéinst “Pausen” a leeën den Handy ganz op d’Säit. TNS-Ilres huet sech dës Kéier bei der Fro vum Mount op d'Wichtegkeet vum Smartphone am alldeegleche Liewe vun de Lëtzebuerger konzentréiert a gefrot: "Kéint Dir Iech virstellen, 48 Stonnen, also 2 Deeg, komplett op äre Smartphone oder Handy ze verzichten?"

E bësse méi wéi e Véierel vun de Befroten (26%) géifen et net fäerdeg bréngen, de Smartphone 48 Stonnen op der Säit ze loossen: 17% wahrscheinlech net a 9% mat Sécherheet net.

D'Majoritéit vun de Befroten (72%) hunn awer uginn, sech dat ganz wuel kéinte virzestellen: 37% mat Sécherheet a 35% géifen et wahrscheinlech maachen.

Bei dësen Zuele spillt den Alter vun de Befroten allerdéngs eng wichteg Roll. Wat déi Befrote méi al sinn, wat d'Bereetschaft klëmmt, op de Smartphone ze verzichten. Bei Jonker tëscht 16-24 Joer kéinten 38% sech net virstellen, op hire Smartphone ze verzichten.

Mat eisem Smartphone ass esou munches méiglech. Sou laang dat alles a Moosse geschitt, ass dat jo och schéin a gutt, ma wann een net oppasst, kann ee mol séier eng Sucht entwéckelen. Déi verhält sech dann esou, wéi wann ee Spillsüchteg wier. Mee wéini ass een da süchteg a wéi erkennt een et? An ass et iwwerhaapt nach méiglech, an der haiteger Zäit ouni Handy ze liewen? D'Liz Heintz huet sech der Aufgab ugeholl an den Test gemaach - 5 Deeg. Wéi lieft et sech net nëmmen ouni Smartphone, ma GANZ ouni Handy?






Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.