FOTOENHollännesche Wäin mat Lëtzebuerger Knowhow
Wäin aus Holland, deen huet een net onbedéngt op der Rechnung. Um Méindeg zerwéiere mir Iech awer en hollännesche Patt an dat mat Lëtzebuerger Knowhow.
Wäin aus Holland mat Lëtzebuerger Knowhow / Rep. C. Schmit |
Well ee mat den Zwiwwelen a Grompere keng richteg Zukunftsperspektiv méi gesinn huet, koum dem Johann Van der Velde d’Iddi op Drauwen ëmzesidelen. Mee méi einfach gesot wéi gemaach? Am Ufank hat een nämlech vun der ganzer Matière keng Anung. Zu Réimech huet een dunn de Joseph Pauly kennegeléiert an duerch hien de Wënzer Jean Marie Vesque.
Eng Frëndschaft déi bis haut Bestand huet. Esou ass de Johan Van der Velde nach dacks op der Hëttermillen an de Jean Marie och reegelméisseg zu Dreischor. Hei ginn dann Tuyauen ausgetosch an et gëtt zesumme probéiert.
2001 huet een dunn an Holland ugefaangen, Drauwestäck ze planzen, an 2005 gouf et déi éischt Cuvée an der Fläsch.
Wéi eng Riewen kommen do a Fro? Duerch den ähnleche Buedem, wéi zu Lëtzebuerg, si Rivaner, Auxerrois, Pinot blanc a Pinot gris vertrueden.
Iwwer de Frascht muss sech de Wënzer Johan van der Velde keng Suerge maachen, dofir huet een awer trotzdem esou seng Problemer mat der launescher Natur. Duerch de Wand briechen ëmmer d'Stäck.
Geschmaacht gëtt an der aler Scheier niewendrun. Dat Gebai aus dem 17. Jorhonnert huet sech schéin erausgefiizt a sou kënnt dann och reegelméisseg Zeeland do zesummen. Och kulinaresch kann ee sech hei mat ville regionale Spezialitéite verwinne loossen a bei guddem Wieder am Haff.
Dreischor, e klengt Duerf wat net wäit ewech vun der Küst an de beléiften touristeschen Destinatioune läit a d'Wijnhoeve "De Kleine Schorre" ass sécher och e Coup de coeur.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.