VIDEO-ReportageD’Mënscherechtsaktivistin Jadranka Miličević am Portrait

1992 huet d'Jadranka Miličević zesumme mat hiren 2 Jongen Bosnien-Herzegowina verlooss. Domat huet hiert Liewen als Refugié a Serbien ugefaangen.

D'Jadranka Milicevic am Interview (01.06.2018)
D'Ausstellung iwwert d'Liewen an d'Aarbecht vum Jadranka Mili?evi? an den 3 anere Mënscherechtler ass nach bis Ufank Juli am Neimënster ze gesinn.

"Ils défendent nos libertés" ënnert deem Titel kann ee am Neimënster eng Fotosausstellung am Kader vum 30. Anniversaire vum Sakharovpräis gesinn. D'Europäescht Parlament huet dës a Kollaboratioun mat der Fotosagence Magnum lancéiert, fir d'Liewen an d'Schaffe vu 4 verschiddenen Aktivisten ze weisen. Eng dovunner ass d'Jadranka Milicevic, déi aus dem Balkankrich geflücht ass, a sech haut fir Fraerechter asetzt. D'Claudia Kollwelter huet sech mat hir iwwert hiert Engagement an hir Vue op d'Rechter vun der Fra ënnerhalen.

Interview mam Jadrana Milicevic - Vum Claudia Kollwelter

1992 huet d'Jadranka Miličević zesumme mat hiren 2 Jonge Bosnien-Herzegowina verlooss. Domat huet hiert Liewen als Refugié a Serbien ugefaangen, dat d'Land dat an hiren Aen responsabel ass dofir, datt si hir Heemecht hues misse verloossen. A genee dat war de Grond fir si, sech fir aner Leit anzesetzen an hirem Liewen erëm e Sënn ze ginn. Engagéiert ass d'Jadranka Miličević zanter 1992 fir d'Organisatioun "Women in Balck" zu Belgrad. Si huet awer och gehollef d'CURE Fondatioun zu Sarajewo ze grënnen, déi e grousse Fokus op déi jonk Generatiounen leet.

Virun allem no engem Konflikt, wéi deen a Bosnien Herzegowina ass et immens schwéier. 1996 war nëmmen 1 Fra am Parlament. Mir mussen déi nei Generatiounen also iwwert hir Rechter informéieren an och iwwert d’Geschicht, iwwert Feminismus.

Son Altesse Royale la Grande-Duchesse et Mme Jadranka Miličević© Cour grand-ducale / tous droits réservés


D'Jadranka Miličević ass och bei CARE engagéiert, déi Roma-Fraen ënnerstëtzen - och wa sech d'Situatioun a Punkto Fraerechter iwwert déi läscht Jore verbessert huet, ass d'Aarbecht net ëmmer evident.

Heiansdo ass et schwéier Resultater ze gesinn. Virun allem wann ee versicht den Esprit vun de Leit ze änneren, Stereotyppen. Dat ass en Léierprozess. Mee d'Positioun vun der Frae an Fraerechter am Balkan ass en immens schwéiert Thema

Hiert eegent Liewen huet immens changéiert. Fréier huet si op enger Bank geschafft, hat e soi-disant normaalt Liewen. Haut ass si Vollzäit-Aktivistin. Sech ëm aner Frae këmmeren, dat hätt hiert Liewen gerett. Un d'Fraen huet si e klore Message:

Looss ni en aneren an dengem Numm schwätzen. All Persoun muss wësse wat hir Identitéit ass, wat hir Rechter a Possibilitéite sinn an w.e.g respektéiert aner Leit an Differenzen. Dorun hunn ech déi lescht 25 Joer geschafft an wäert och esou weider fueren.


D'Ausstellung iwwert d'Liewen an d'Aarbecht vum Jadranka Miličević an den 3 anere Mënscherechtler ass nach bis Ufank Juli am Neimënster ze gesinn.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.