Wëllt dir se gesinn?Menüskaarte mat Schreiffeeler. Hei eis Fotogalerie!
An der grousser Vakanz reese vill Lëtzebuerger queesch duerch d'Welt. Do gëtt et Interessantes ze gesinn, Guddes z'iessen a Witzeges ... ze liesen.
Vun RTL
X
Meeschtens fënnt een esou Feeler jo grad an der Vakanz, wann op Menüskaarten d'Iwwersetzungen zwar gutt gemengt sinn, awer de Sënn op déi Manéier net wierklech erfëllen. An der Zäit vum Smartphone gëtt dann eng Foto gemaach, fir och méi spéit nach eng Kéier iwwert dëse schrëftleche Faux-pas ze schmunzelen oder en doheem de Kollegen an der Famill ze weisen.
Mä wisou just am klenge Krees iwwert eng e bësse mësslongen Iwwersetzung laachen, wann ee se mam ganze Land kann deelen? Dofir wëlle mir de ganze Summer iwwer déi Fotoe aus Ärer Vakanz sammelen a se jidderengem weisen.
Iwwert de ganze Summer krute mer vill där Biller a Fotoen erageschéckt an déi kënnt dir iech an eiser Fotosgalerie nach eng Kéier ukucken...
Menüskaarten mat Feeler |
Dir hutt nach Fotoen, kee Problem. Schéckt eis se!
Schéckt ganz einfach eng Email mat der Foto u foto@rtl.lu mam Stéchwuert Menüskaart mat Feeler!
Schreift an den Text vun der Mail Ären Numm (an och e Pseudonym, wann Dir léiwer anonym wëllt bleiwen) an a wéi engem Land an a wéi enger Stad d'Foto gemaach gouf.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.