Britesch RoyalsDe kleng Prënz Louis gouf gedeeft

E Méindeg 9. Juli ass e groussen Dag fir dee klengste Member vun der britescher Kinneksfamill, de Prënz Louis gouf gedeeft.

© AFP
De Prënz Louis Arthur Charles vu Cambridge ass den 23. Abrëll op d'Welt komm an ass dee 5. an der britescher Throunfolleg.

De Prënz William a seng Fra wollten och des Kéier d'Zeremonie nees sou kleng wéi méiglech halen. Wéi scho bei de Kanddafe vum Prënz George an der Prinzessin Charlotte ware just 20 bis 30 Leit an d'Kapell vum St. James Palace invitéiert, dorënner de Prënz Charles a seng Fra Camille, sou wéi de Prënz Harry an d'Meghan Markle.  Donieft waren och dem Catherine hir Elteren erwaart, hir schwanger Schwëster Pippa an hire Mann Mann James Matthews mat dobäi. D'Queen Elizabeth II. war net present.

Zu den 3 Pätteren zielt ënner anerem den Nicholas van Cutsem, e Geschäftsmann a gudde Kolleg vum Prënz William a vum Prënz Harry. Déi dräi kenne sech zanter hirer Kandheet. Mam Guy Pelly ass en anere Kolleg vun de royale Bridder Pätter, drëtte Pätter ass den Henry Aubrey-Fletcher, ee vun de beschte Kollege vum Prënz William.

Komplett gëtt den Trio mat nach 2 Fraen. D'Lady Laura Meade, Duechter vum Earl vu Romney a Fra vum James Meade - och ee Kolleg vum Prënz William a senger Fra Catherine - ass eng vun den 2 Giedelen. Déi zweet Giedel ass eng Cousine vum Kate, d'Lucy Middleton.