Vakanz a SüdfrankräichGroussherzoglech Famill zu Cabasson

E puer Fotoe vun der groussherzoglecher Koppel an e Gruppebild mam Grand-Duc Jean - viru mediterraner Kuliss a mat provenzaleschem Flair.

© Cour grand-ducale / Cyril Moreau / Bestimage
Op der Gruppefoto vum Cyril Moreau vu Bestimage gesäit ee vir de Grand-Duc Jean, lénks vun him de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa. An der zweeter Rei den Antonius Willms an d'Prinzessin Marie-Gabrielle de Nassau, eelst Duechter vum Prënz Jean, zesumme mat hirem Bouf Zeno, an de Prënz Jean, Brudder vum Grand-Duc, selwer.



Op deenen anere Fotoe gesäit een d'groussherzoglech Koppel.