Bob der BaumeisterAn dunn huet en d'Haiser ofgerappt

An England huet en Aarbechter seng Roserei un den Haiser ausgelooss. Wei en dat gemaach huet? - mat engem Bagger. An dat nawell net ze knapps.

© twitter London_bulletin
Zu Buntingford an England huet effektiv en Aarbechter seng Roserei u fënnef neie Reienhaiser ausgelooss. Well en anscheinend net bezuelt ginn ass huet en dunn d'Haiser zerstéiert. 

Um Méinden huet de Mann aus Rumänien sech misse viru Geriicht fir de Millioune-Schued veräntweren. Säin Motiv huet hien net genannt. Aenzeien no huet den 31 Joer ale Mann um Samschdeg no senger Aktioun gesot, dass hie fir seng Aarbecht net bezuelt ginn ass. "Et géing ausgesinn, wéi no engem Äerdbiewen oder wéi wann eng Bomm ageschloe wier", esou zitéiert "The Sun" eng Nopesch aus der Uertschaft nërdlech vu London. Wou d'Police op der Plaz ukomm war soll de Mann glécklech a roueg gewierkt hunn.

Net all d'Haiser kenne gerett ginn, dobäi wollten d'Besëtzer geschwënn eraplënneren.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.