Är FotoenSchéckt eis är beschten Impressiounen vun der Schueberfouer

All Joer kommen eng 2 Millioune vu Leit op de Glacis op d'Fouer. Mir wëllen dat grousst Volleksfest aus ärem Bléck gesinn.

En Donneschdeg den 23. August um 17 Auer goung d'Schueberfouer 2018 offiziell un.

Mir wëllen déi flottste Biller, är Impressioune, vum gréisste Volleksfest zu Lëtzebuerg gesinn. Dofir schéckt eis är Fotoen eran.

© Loic Juchem


Wéi funktionéiert et? Luet är Fotoen (jpeg oder png) iwwert dëse Formular erop an no kuerzer Zäit sinn är Biller op RTL.lu ze gesinn.

Am Beschte gitt der bei der zweeter Fro nach eng kleng Biller-Zeil, fir datt d'Leit wëssen, wien (gär och e Pseudonym) wéini wéi eng Foto gemaach huet.

Dir musst awer keng Foto eroplueden, mä Dir kënnt ganz gären Iech duerch d'Gallerie duerchklicken an iech d'Impressiounen ukucken.




Mir wënschen iech vill Spaass an der Fouerzäit!




D’Geschicht vun der Schueberfouer

Dat gréisste Volleksfest aus der Groussregioun mat 2 Millioune geschate Visiteuren huet ugefaang. Dës Lëtzebuerger Traditioun ass scho 678 Joer al. Just e puer Joergäng, virun allem wärend de Weltkricher, sinn ausgefall. Den Ufank vun der Fouer war relativ bescheiden. De Furri stoung deemools nach iwwerhaapt net am Mëttelpunkt.

Am Joer 1340 huet de Grof vu Lëtzebuerg, Jang de Blannen, ee Joermaart vun 8 Deeg am spéiden August gegrënnt. Tëscht dem 23. an dem 31. August war nämlech kee gréissere Maart an der Regioun, deen der Schuebermëss Konkurrenz gemaach hätt. D’Zil war, dass d’Stater Händler an d’Handwierker, haaptsächlech d’Wollwiever, awer och hie selwer méi räich géife ginn. Sou huet eng Erfollegsgeschicht hire Laf geholl.

D’Schueberfouer war net den éischten Joermaart an der Stad, et sinn scho Virgänger am 13. Joerhonnert ginn, mee déi hunn net laang iwwerlieft.

Wéi den Numm vum Maart et verréit, war déi éischt Fouer nach net um Glacis, mee op der Schuedbuerg. Haut kennt een déi Plaz besser ënnert dem Numm Helleg-Geescht-Plateau. Am Joer 1610 plënnert de Joermaart aus Plazgrënn als éischt op de mëttlere Lampertsbierg an eréischt 1892 op d’Feld tëscht dem Lampertsbierg an dem Stadpark, dem Glacis also.

Puer Glécksspiller an eng Sandkeelebunn si schonn am 18. Joerhonnert ugebuede ginn. Och ee mechanescht Päerderchersspill soll et scho gi sinn.

Zu enger Spillkiermes entwéckelt sech d’Fouer awer eréischt em d’Mëtt vum 19. Joerhonnert, eng Zäit, an där de Grand-Duché industrialiséiert gëtt. An där Period kommen déi éischt Attraktioune mat Damp op. Dat traditionellt Päerdskarussell kënnt Enn vum 19. Joerhonnert op an d’Holzachterbunn am Joer 1910. Dat éischt richtegt Riserad kënnt 1970. Et hat eng Héicht vu 45 Meter.

Fir vill Visiteure spillt haut de Kascht an d’Gedrénks eng wichteg Roll. Traditionell gouf awer net de groussen Honger op der Fouer gestëllt.