Verkéierte Wee Geschlechtsverkéier4 Joer huet et gedauert, bis d'Koppel schwanger gouf

A China huet eng Koppel véier Joer laang probéiert, e Kand ze kréien. De Grond wisou et esou laang gedauert huet, ass scho relativ penibel.

Och de richtege Wee Sex hunn, muss geléiert sinn. Nodeems et véier Joer laang net geklappt huet, schwanger ze ginn, huet d'Koppel decidéiert, bei den Dokter ze goen.

Beim Resultat vun der Visitt huet een dunn net schlecht gestaunt. D'Fra war nach Jongfra. De "Problem", firwat si net schwanger ginn ass, läit doran, dass d'Koppel wärend de véier Joer nëmmen Analsex hat. Dovu gëtt ee jo normalerweis och net schwanger.

Nodeems si et dunn awer op déi traditionell Aart a Weis probéiert hunn, ass d'Fra och schwanger ginn. Fir dem Dokter Merci ze soen, hunn si him en Hunn an eng honnert Eeër offréiert.