PeopleHochzäit (an der Kierch) an Italien fir d'Désirée Nosbusch

D'Désirée Nosbusch an hire Mann Tom Alexander Bierbaumer hu sech elo och an der Kierch bestuet. Um Samschdeg war et zu Oderzo bei Treviso souwäit.

Si hat de Kameramann zwar schonn am Mäerz op der Gemeng bestuet, ma elo eréischt, wéi däitsch Medien um Sonndeg mellen, war et déi kierchlech Hochzäit mat 200 Invitéen.

D'Kanner Luka a Noah-Lennon waren iwwerdeems och derbäi. Zu Oderzo ass d'Mamm vum Désirée Nosbusch gebuer.