FOTOEN a VIDEO: An der LuxexpoAlles ronderëm d'Kannerwelt um Salon Top Kids

Dëse Weekend dréint sech an de Foireshalen alles ëm d’Kanner um Salon Top Kids.

Hei kréie Kanner tëscht 2 a 16, esou ewéi jonk an zukünfteg Elteren eng Hellewull Informatioune ronderëm d’Kannerwelt.

Et ass dee gréissten Salon fir Kanner a Familljen am Land. Präsent sinn eng 70 Exposanten, déi am gesamte Beräich spezialiséiert sinn. Et geet ënnert anerem ëm d’Educatioun, Vakanz, Hobbyen an ëm nei Trends. Et gëtt och Workshoppe fir Familljen. Dat sportlecht, kulinarescht an artistescht kënnt och net ze kuerz. Et ginn Danzshowen a musikalesch Virféierungen op enger Bühn. Fir vill Spaass an Aktioun suergt ganz besonnesch déi grouss Indoor-Spillplaz.

Salon Top Kids: E Paradäis fir Kanner a jonk Elteren (28.10.2018)
Dëse Weekend dréint sech an de Foireshalen alles ëm d’Kanner. Hei kréie Kanner tëscht 2 a 16 an zukünfteg Elteren Informatiounen ronderëm d'Kannerwelt.


D’Beweegung a gesond kierperlech Entwécklung vun de Kanner ass wichteg. Dowéinst wëll een d’Freed un der Beweegung um Salon vermëttelen. Een Deel vun den Elteren si bereet, déif an den Portmonnie ze gräifen fir Bëbee- a Kanner-Equipementer, zum Beispill fir héichwäerteg Spillsaachen. An deem Kontext géif besonnesch op Sécherheet gekuckt ginn, esou déi Responsabel.

Den Ament lafe jo d’Koalitiounsverhandlungen tëscht de Koalitiounspartner an daueren nach e puer Wochen. Do geet et jo och ëm Familljepolitik. Mir wollte vun de Visiteuren wëssen, wat si sech an deem Beräich erwaarden.

Et ass déi 6. Editioun vum Salon Top Kids. Bannent deenen 2 Deeg gi sech eng 10.000 Visiteuren erwaart.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.