Nei Kleedermark "bluem"Och zu Lëtzebuerg ginn et nei Designer

Wann ee Fashion oder Moudendesigner héiert, dann denkt een un déi grouss Stied wéi Paräis oder New York, net onbedéngt u Lëtzebuerg.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Anne-Sophie Heck

Ma et ginn ëmmer méi lëtzebuergesch Designer, dorënner sinn zanter Kuerzem dräi Jonker, déi hiren Dram liewen an eng Kollektioun vu Gezei erausbruecht hunn. D'Anne-Sophie Heck war beim Lancement vun dëser neier Mark dobäi.

Nei Kleedermark zu Lëtzebuerg / Reportage Anne-Sophie Heck

T-Shirten, Pulloveren a Mutzen, net iwwerluede, ganz einfach, unis schwaarz, wäiss a gro. Dat ass d'Kollektioun vun dëser jonker Mark, an déi heescht „bluem“. An deem Numm stécht d'Philosophie vum Projet erkläert d'Amy Watson, déi d'Gezei entworf huet. Et ass e Wuerspill, sou déi jonk Designerin, an et heescht "erbléien".

Déi éischt Kollektioun ass nach kleng, ronn 100 Artikel hu si produzéiere gelooss. All Stéck mat hirem Logo drop. Dat sinn 4 Feiler: dräi weisen der no riets an een no lénks. Genee dee soll weisen, datt ee kann anescht sinn, fir géint de Stroum ze schwammen. Ma esou eng Kollektioun mécht sech net vum selwen. Virun annerhallwem Joer hu si ugefaangen, ma de Prozess entwéckelt am Laf vum Maachen.

D'Artikele goufen an Däitschland bestallt, d'Logoen huet eng Mini-Entreprise gedréckt an d'Etiketten hu si selwer dru gebutt. An Iddie fir d'Zukunft hu si och schonn, wat den Design selwer ugeet, sou de Manager Adriel von Grünigen. Donieft wéilt een och Eventer organiséieren.

De Lancement, dat war déi éischt Etapp. An elo hänkt e mol alles dovunner of, wéi d'Gezei bei de Leit ukënnt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.