VIDEO: The Voice Kids FranceDe 16 Joer jonken Alexander vu Lëtzebuerg kënnt an déi nächster Ronn

Den Alexander, e 16 Joer jonkt musikalescht Talent vu Lëtzebuerg, steet den Ament bei de Voice Kids France op der Bühn an huet et bis an d'Battles gepackt.

The Voice Kids: De 16 Joer jonken Alexander vu Lëtzebuerg (29.10.2018)
Den Alexander, e 16 Joer jonkt musikalescht Talent vu Lëtzebuerg, steet den Ament bei de Voice Kids France op der Bühn, E Freideg geet et an d'Battles.

Den Alexander kënnt aus enger ganz musikalescher Famill an huet d’Stëmm, de Rhythmus an d'Gefill souzesoen scho mat an d'Wéi geluecht kritt. Mat 6 Joer stoung hie scho mat sengem Papp op der Bühn an huet deen een oder anere Concert ginn.

Mir hunn eis mat sengem Papp getraff, dee grad um Wee war fir säi Bouf an d'Europaschoul sichen ze goen. A grad do mierkt een den Impakt vu sengem Optrëtt op der Tëlee, den Alexander ass jo weiderkomm fir an d'Battles. Mir hunn och nogefrot, wéi hien dann Ganzt erlieft huet, dee wichtegste Moment, dee Moment, wou fir den Alexander  gebuzzert gouf.

Den Alexander ass musikalesch och bal net méi ze toppen. Nieft de villen Instrumenter déi e spillt, komponéiert hien och nach selwer niewelaanscht. Op sengem Laptop gëtt een Instrument nom aneren agespillt.

Esouguer de Markus Miller gouf op dat aussergewéinlecht Musekstalent opmierksam an huet den Alexander wärend engem Concert an der Rockhal op d'Bühn geruff, fir eent vun senge Lidder ze spillen. Et war am Workshop virum Optrëtt, wou den Alexander beim Markus Miller positiv opgefall war, spéider bei enger Autogrammstonn sollt hien och nach eppes fir de Museker spillen.

Mat engem Weltstar op der Bühn stoen, an dat schonn am Alter vun 12 Joer. De Rémi als Papp ass natierlech houfreg op säi Fils. Esou gehéiert et och zur Dagesuerdnung bei der Famill Ernoult, dass dacks zesumme musizéiert gëtt.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Den Alexander spillt nieft senger Gittar och nach Drums, Trompette, Bass a Keyboard. Hien iwwerzeegt awer ëmmer nees mat sengem Gefill zur Musek.

Nächste Freideg geet et also weider mat de "The Voice Kids", allerdéngs steet do den Alexander net op der Bühn, et kënnt nämlech nach eng weider Ronn Blind Auditions. Eréischt an der iwwernächster Emissioun geet et dann hir de jonke Lëtzebuerger an d'Battles vun The Voice Kids op TF1. Wien et net verpassen wëllt, Rendezvous um 21 Auer.