VIDEO-ReportageSummer- oder Wanterzäit? Mir hu bei de Leit nogefrot!

Op d'mannst zweemol am Joer gëtt driwwer diskutéiert: de Sënn oder Onsënn vun der Zäitëmstellung.

Summer- oder Wanterzäit? Mir hu bei de Leit nogefrot! (29.10.2018)
Op d'mannst zweemol am Joer gëtt driwwer diskutéiert: de Sënn oder Onsënn vun der Zäitëmstellung.

Zanter zwee Deeg liewe mer elo erëm an der "normaler" – dat heescht an der Mëtteleuropäescher Zäit (MEZ). Mee bleift et dobäi? War dat déi lescht Kéier, dass mir un d’Auer dréine gaange sinn? Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wëll d’Zäitëmstellung ofschafen, mee wéi gesinn d’Lëtzebuerger dat? A wat solle mer bäibehalen: d’Summer- oder d'Wanterzäit?

Wat ass dat en Hin an Hir. Eng Stonn no vir, eng Stonn zréck. Mee domat ass geschwë Schluss – oder awer net? Nach steet net fest, wéi et an Zukunft genee wäert weidergoen. Vläicht war et awer déi leschte Kéier, dass mir eng Stonn méi laang schlofe konnten. Mee wat halen d’Leit dobausse vun der Zäitëmstellung? Bei eiser Ëmfro ginn d’Meenungen auserneen. Déi eng sinn dru gewinnt an hätte keng Problemer mat der Ëmstellung, anerer fannen, et wier een Agrëff an de biologesche Rhythmus vun der Natur a vum Mënsch. Am Wanter géing ee sech op alle Fall drop freeën, wann ee méi laang schlofe kann.

Manner freet ee sech dann, wann een am Fréijoer erëm eng Stonn Schlof ewechgeholl kritt. Leeschtung a Konzentratioun huelen of, et fillt ee sech permanent midd – et huet een en Jetlag. Mir wollte vun enger Schlof-Expertin wëssen, wat am Kierper geschitt, wann d’Zäit no vir oder no hanne gedréint gëtt. De Problem wier deen, dass am Kierper eben näischt geschitt, erkläert d’Christine Hansen. De Kierper kritt näischt mat vun der Zäitëmstellung an orientéiert sech weiderhin un der Luucht – dat ass eis biologesch Auer. Den anere Facteur ass de sougenannte Schlofdrock. Dee baut sech am Laf vum Dag op, an do spillt et keng Roll, ob et hell oder däischter ass.

Virun allem déi Kleng hu Schwieregkeete mat der Zäitëmstellung. Mee och do gëtt et eng einfach Method, fir hinnen déi Phase méi agreabel ze gestalten. Et kéint ee si drop virbereeden, andeems ee 4 Deeg am Virfeld d’Auer ëm 15 Minutten decaléiert, erkläert d’Christine Hansen.

Wann et awer dorëms geet, ob mir fir ëmmer an der Summer- oder Wanterzäit liewe sollen, schéngt sech eng Preferenz eraus ze kristalliséieren. De Gros vun de Leit, déi mir gefrot hunn, wiere fir d’Summerzäit. Aus dem einfache Grond, dass een am Summer méi laang eppes vum Dag hätt.

Wat richteg oder falsch ass, ass schwéier ze soen. Eis Schlof-Expertin Christine Hansen huet awer eng aner Aschätzung, wat déi ideal Zäit ugeet. Si géing sech fir d’Wanterzäit decidéieren, well ee moies mat natierlecher Luucht méi einfach aus dem Bett kënnt an ee sech owes mat kënschtlecher Luucht einfach wakereg hale kann.

Déi definitiv Äntwert op d’Fro "Summer- oder Wanterzäit" léisst nach op sech waarden. 2019 wier fir vill EU-Memberstaaten ze fréi, dat koum e Méindeg bei engem Treffen tëscht den EU-Verkéiersministeren eraus. Et geet wuel nach eng Zäitchen viru mam Dréine vum Zär.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.