VIDEO: Héichwaasser - Who cares?De Business geet weider, och mat Waasser am Restaurant

Héichwaasser zu Venedeg gehéiert zum Alldag, och wann et dëst Joer ongewéinlech vill Waassermasse sinn.

DHéichwaasser hënnert de Proprietär vun enger Pizzeria zu Venedeg net drun, säi Betrib weiderlafen ze loossen. An engem Video, deen op de sozialen Netzwierker d'Ronn mécht, gesäit ee wéi d'Garçonen d'Platen a Stiwwelen zerwéieren. Still, Dëscher an och d'Deko stinn einfach am Waasser an d'Gäscht schéngt déi ganz Situatioun net weider ze stéieren, do goufe sech kuerzerhand e plastiks Schutz iwwer d'Schong gezunn a fäerdeg.

Stuerm a Schloreen dominéieren a groussen Deeler vun Italien.

An de Regioune Ligurien, Lombardei, Venetia, Trient oder nach den Abruzzen gëllt héchsten Alarm. Eleng déi berühmte Markusplaz zu Venedeg stoung e Méindeg annerhallwe Meter ënner Waasser an d'Peegele klamme weider. E Méindeg de Mëtteg loung de Waasserniveau bei 156cm iwwert dem Mieresspigel, dat heescht 70 Prozent vun der historescher Stad stinn ënner Waasser.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.