Tayisiya MordergerGéignerin vum Eleonora Molinaro Kandidatin bei "Bauer sucht Frau"

E Mëttwochowend spillt d'Lëtzebuergerin Eleonora Molinaro géint d'Tayisiya Morderger. Wiem deen Numm kee Begrëff ass, misst emol "Bauer sucht Frau" kucken.

© Facebook / Tayisiya Morderger
No der Victoire vun der Lëtzebuerger Tennisspillerin (WTA 390) géint d’Michaela Honcova aus der Slowakei beim ITF-Tournoi zu Péiteng, trëfft si e Mëttwoch den Owend op d'Tayisiya Morderger. Déi däitsch Qualifikantin konnt sech am 1. Tour géint déi un Nummer 2 gesaten Tamara Korpatsch duerchsetzen.

Tennis: Minella a Molinaro wannen am 1. Tour

Tayisiya Morderger?

Deene mannste Leit, dierft deen Numm e Begrëff sinn... ausser et huet een an der Lescht déi däitsch Kuppel-Show "Bauer sucht Frau" gekuckt. Genee do ass déi 21 Joer al Tayisiya Morderger vun Dortmund nämlech och nach ze gesinn. Gemellt hat déi jonk Sportlerin sech fir den 23 Joer ale Bauer Matthias.

© Val Wagner


Dat jonkt Tennistalent gouf zu Kiew gebuer a lieft zesumme mat hirer Zwillingsschwëster Yana zu Dortmund. Si ass aktuell d'Nummer 526 am WTA-Ranking, hir Schwëster op Plaz 748. D'Yana Morderger wäert awer och an nächster Zäit op der däitscher Tëlee ze gesi sinn, net fir de Mann fir d'Liewe ze sichen, mä fir bei der Vox-Show "Shopping Queen" ze ginn.