DOCUMENTAIRE: "Opgepasst: Fake Food?"Wéi een Impakt hu fäerdeg Platen op eis Gesondheet?

Wat stécht hannert den neisten Technike vun der Liewensmëttelindustrie? Ass dat, wat mir aus Kamoudheet an Zäitmangel fäerdeg kafen, tatsächlech gesond?

Opgepasst: Fake Food? (31.10.2018)
Wat stécht hannert den neisten Technike vun der Liewesmëtteindustrie, ass dat wat mir aus Kamoudheet an Zäitmangel fäerdeg kafen, tatsächlech gesond?

Virgekachte Fäerdegplate prett fir an d’Mikrowell, vun déifgefruere Pizzaen iwwer fäerdeg Choucroute oder Paella an der Barquette … ultra-transforméiert Liewesmëttel solle mat schold sinn, un den ëmmer méi héijen Zuele vu kardiovaskuläre Krankheeten a Fäll vun Obesitéit.

Wat genee ass gemengt mat "ultra-transforméierte" Liewesmëttel? Firwat schwätzen ëmmer méi Fuerscher vu "Fake Food"? Wat stécht hannert den neisten Technike vun der Liewensmëttelindustrie? Ass dat, wat mir aus Kamoudheet an Zäitmangel fäerdeg kafen, tatsächlech gesond? Wéi vill Nährwäert bleift um Enn an enger industrieller Geméiszopp? Wéi vill Zousazstoffer an Aromae muss d'Industrie dobäi mëschen, fir dass de Produit um Enn appetitlech ausgesäit an no eppes schmaacht?



"Opgepasst: Fake Food?" kuckt hannert d’Kulisse vun der Liewensmëttelindustrie a weist mat engem Experiment, wéi en Impakt verschidde Produkter op eis Gesondheet kënnen hunn.

Eng Enquête, déi 2018 vun enger Ekipp vu franséische Journaliste realiséiert gouf, op Lëtzebuergesch iwwersat, de Mëttwoch, 31. Oktober um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen an duerno 30 Deeg laang am Replay op RTL.lu ze kucken.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.