Halloween beim Heidi KlumDëst Joer als ... Fiona!

Et ass net Chrëschtdag, net Fasching an och net de Gebuertsdag - den absolutte Liiblingsdag vum Heidi Klum ass Halloween.

Dem Heidi Klum hir Kostümer fir Halloween si legendär an och dëst Joer hunn d'Fans mat grousser Spannung nees gewaart, als wat sech d'Model dës Kéier verkleet.

D'Heidi Klum ass am Partner-Look mat hirem aktuelle Frënd Tom Kaulitz als Fiona a Shrek op der legendärer Halloween-Party opgetrueden.
















2000 huet d'Heidi Klum hir alleréischt Halloween-Party organiséiert. Zanter Woche goufen op Instagram dann och fläisseg Biller gedeelt, déi en Avant-goût op déi grouss Party a besonnesch op den neie Kostüm liwwere sollten. All déi al Kostümer vun all de Jore virdrun sollen d'Spannung deemno nach méi grouss maachen.




Als Jessica Rabbit, Päiperlek, souguer als richteg al Boma huet een d'Heidi Klum scho gesinn. All Joer, am Hibléck op hir alljäerlech Halloween-Party, verkleet sech d'Model ëmmer nees ënner engem extrem groussen Opwand a mat vill Fantasie.



An hei e klenge Best of vun de Kostümer an de leschte Joren:

Promis an Halloween (28.10.2015)
Verschidden V.I.P.'s loossen sech all Joers fir Halloween eppes ganz besonnesches afalen. Vrun allem d'Heidi Klum suergt ëmmer hei fir grouss Opmierksamkeet.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.