VIDEO-ReportageMat de Ghosthunter an d'Buerg vu Beefort

Zesummen op Geeschterjuegd goen ...

Mat de Ghosthunter an d'Buerg vu Beefort (31.10.2018)
Op der ganzer Welt ginn et Leit, déi sech mam Iwwernatierleche beschäftegen. An e puer doe sech als Ghosthunter zesummen, fir Geeschter ze joen ...
Eng Dier, déi zouklaakt. Schrëtt a Stëmmen an der Nuecht. Ass et den Duerchzuch? D'Kaz? Oder stiechen dach Geeschter dohannert?

Op der ganzer Welt ginn et Leit, déi sech mam Iwwernatierleche beschäftegen. An e puer doe sech als sougenannte "Ghosthunter" zesummen, fir sech op d'Juegd no Gespenster ze maachen.

Sou och e Grupp aus Däitschland, deen op Besuch zu Lëtzebuerg war.

Mä wéi gesäit d'Aarbecht vun sou "Geeschterjeeër" eigentlech aus? A kréien se, an der Buerg Beefort, et souguer villäicht mat engem Gespenst ze dinn?

De Cedric Kieffer huet se bei hire paranormalen Ermëttlunge begleet.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.