FOTOENGrouss Halloween-Party am Smugglers Inn zu Dikrech

Den 31. Oktober waren Hexen, Hexemeeschter, Monsteren a Geeschter häerzlech wëllkomm, fir zesummen een onvergiesslech grujelegen Owend ze feieren.

D'Ketty an de Rom Hankes waren och nees u Dill an hunn déi schauereg schéi Momenter mat hirer Kamera festgehalen.

Am Grujel-Labyrinth zu Dikrech

De Café-Restaurant "The Smugglers Inn" verwandelt sech Enn Oktober an een Halloween-Spektakel, wéi een et zu Lëtzebuerg nach net gesinn huet. Banne wéi baussen ass Grujelstëmmung garantéiert.

Vum 17. bis de 4. November kann ee sech nämlech all Owend tëscht 20 an 1 Auer zu Dikrech an en 133m laange Grujel-Labyrinth entféiere loossen. RTL war luussen.



FOTOGALERIE: Grujeleg Andréck vum Ketty a Rom Hankes.

Virun 8 Joer gouf den Halloween-Labyrinth fir d'éischt organiséiert, mat 2 grujelege Poppen, mëttlerweil verstoppe sech schonn iwwer 40 Gestalten am Labyrinth. De Proprietär vum "The Smugglers Inn" präziséiert, dass een 18 Joer muss hunn, mat Recht, wéi och eis Fotografe-Koppel Ketty a Rom Hankes betounen, déi sech de Labyrinth méi genee ukucke waren. 

All Popp gouf mat vill Fantasie vun e puer Fräiwëllegen entworf an hiergestallt. De Proprietär huet hinnen dobäi fräi Hand gelooss. Am Mee gëtt ugefaange mat plangen a bastelen. Iwwer 600 Stonnen Aarbecht stécht an der Organisatioun vum Grujel-Labyrinth.

Och eng Ekipp vun RTL Télé war e Mëttwoch am Nomëtteg schonn op d'Plaz, fir ë.a. bei de leschte Preparatioune vun der grousser Halloween-Party mat iwwert d'Schëller ze kucken.

Halloween Spezial: Am Grujel-Labyrinth zu Dikrech (31.10.2018)
Vum 17. bis de 4. November kann ee sech all Owend tëscht 20 an 1 Auer zu Dikrech an en 133m laange Grujel-Labyrinth entféiere loossen. RTL war luussen.