Zombie Zone4. Editioun vum Spuk-Labyrinth fir Kanner zu Käerjeng

Ofgekuckt vun Horror-Labyrinthen aus Amerika, huet sech de Jugendtreff zu Käerjeng hiren eegene Labyrinth op Halloween afale gelooss.

Zombie Zone zu Käerjeng (08.11.2018)
De Jugendtreff zu Käerjeng huet sech fir déi kleng Halloween-Fans eppes afale gelooss.

Vampiren, Monsteren, Hexen, leschte Mëttwoch war Halloween. Wat virun allem an Amerika e bekannte Brauch ass, gëtt och hei am Land ëmmer méi grouss gefeiert. Zum Beispill mat Motto-Partye fir Erwuessener.

Mä och déi Kléng wëlle sech heiansdo e bësse grujelen. A fir déi huet sech de Jugendtreff zu Käerjeng eppes afale gelooss. Un Halloween war an hirem Jugendhaus alles anescht wéi normal. An engem Spuk-Labyrinth konnten d'Kanner 12 verschidde Spiller matmaachen an dobäi Kamelle gewannen.

Op déi véiert Editioun vun der Zombie Zone sinn iwwer 200 Leit komm.