Kee wollt Plaz maachenBuschauffer gehäit Passagéier eraus an hëlt just Rollstullfuerer mat

Obwuel de Paräisser Buschauffer all d'Passagéier op d'Strooss gesat huet, gëtt hien an de soziale Medien als Held gefeiert.

E Rollstullfuerer wollt den 20. Oktober an engem Paräisser Viruert an de Bus klammen, ma dat war net méiglech, well kee vun de Leit am Bus him Plaz gemaach huet. Hien hätt also dobausse misste waarden. Dem Buschauffer ass dat awer opgefall an him huet dat guer net geschmaacht.

Kuerzerhand huet hien decidéiert, datt hei Endstatioun wier an d'Leit hunn all aus dem Bus misste klammen. Dono huet hien dem Rollstullfuerer gesot, hie kéint an de Bus klammen, all déi aner Leit missten op den nächste Bus waarden. Dëst war déi eenzeg Méiglechkeet, fir de François le Berre an de Bus ze kommen. De Mann leit u Multipeller Sklerose an ass, wann hie mam Bus fiert, drop ugewisen, datt Leit him Plaz maachen.

Iwwert den Twitter Account "Accessible pour tous" huet de François le Berre den Dag dono iwwert d'Situatioun erzielt a säin Tweet gouf e puer dausend Mol gedeelt, iwwer 13.000 Mol geliked an de Buschauffer, deem säin Numm net bekannt ass, gouf vun de Leit am soziale Medium wéinst sengem haarden Duerchgräifen als Held gefeiert.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.