VIDEO: Hellegen HubertusRegional Produiten op 29. Editioun vum Haupeschmaart zu Munzen

Den Haupeschmaart geet zréck op e Brauch aus dem 17.Jorhonnert. Deemools schonn hunn d'Jeeër hire Schutzpatroun, den Hellegen Hubertus, esou geéiert.

Regional Produiten op 29. Editioun vum Haupeschmaart zu Munz (04.11.2018)
Den Haupeschmaart geet zréck op e Brauch aus dem 17.Jorhonnert. Deemools schonn hunn d'Jeeër hire Schutzpatroun, den Hellegen Hubertus, esou geéiert.
Eng 120 Stänn ware ronderëm d'Robbesscheier zu Munzen opgeriicht. Hei gi virun allem regional Produiten ugebueden.

Zënter etleche Joren kënnt den Emile Bonert op den Haupeschmaart. Aus Hieselter Holz schnëtzt hie kleng Chrëschtbeemercher. Vum Hierscht bis Enn des Joers ass hien op dës Manéier mat sengem Hobby beschäftegt. D'Holz muss nach gréng an naass sinn. Ausserdeem däerfen net ze vill Kniet dran sinn. Wichteg ass et och, dass d'Holz méi oder manner riicht ass, fir et kënnen ze schnëtzen.



Den Haupeschmaart huet eng laang Traditioun. Et sinn d'Jeeër, déi hire Schutzpatroun, den hellegen Hubertus, feieren. Am Joer 655 gouf hien zu Toulouse gebuer. Vum Joer 716 un war den Haupert Bëschof vu Léck. Hei ass hien am Joer 727 gestuerwen. Schonn am 12. Joerhonnert gouf ronderëm den Haupeschdag zu Munzen e grousse Maart organiséiert. Deemools op Initiative vun de Klierfer Grofen.

Vun der Zoossiss iwwer d'Drëpp bis hin zum geflechte Kuerf. Wichteg ass a bleift de regionale Charakter vum Produit.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.