Affär Delphine BoëlGeriicht decidéiert: Belsche Kinnek muss "Pappentest" maachen

Ob den Albert den II de Papp vum Delphine Boël ass, muss elo en Test klären. De Monarch huet dräi Méint Zäit, fir sech testen ze loossen.

© AFP

An der Affär Delphine Boël huet en Appellsgeriicht elo ordonnéiert, datt den Albert II e geneteschen Test muss maachen, dat bannent dräi Méint.

Déi haut 50 Joer al belsch Fra Delphine Boël seet jo, de Kinnek Albert II, dee vun 1993 bis 2013 regéiert huet, wier hire Papp. De Monarch huet dëst ni unerkannt.
De Kinnek kann awer nach op d'Cassatiouns-Geriicht goen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.