Michelin Bib Gourmand Benelux 201914 Lëtzebuerger Restauranten, dorënner 3 nei Adressen a 3 net méi derbäi

De "Bib Gourmand" steet fir eng gastronomesch Kichen zu abordabele Präisser. 37 Euro däerfen Entrée, Plat an Dessert zesumme kaschten.

Michelin huet fir d'Benelux-Länner den neie Guide "Bib Gourmand" virgestallt.

Selektionéiert goufen de Parc Le'h zu Diddeleng, den Dahm vun Ierpeldeng, de Brimer vum Grondhaff, de K Restaurant zu Huldang, d'Bergamote, de Restaurant Bick Stuff ande Kamakuraan der Stad. Soss op der Lëscht ze fanne sinn de Joel Schaeffer vu Mäertert, de Bonifas vun Nouspelt, de Restaurant Timandines vun Ëlwen an d'Ecuelle vu Wilwerdang.

Nei mat derbäi sinn L'Atelier du Windsor zu Bartreng, d'Brasserie des Jardins an der Stad an La Cantine du Châtelet och an der Stad, deen e besonnesch gudden Androck gemaach huet:

"La sélection Bib Gourmand 2019 référence 3 nouvelles tables au Grand-Duché de Luxembourg. Parmi elles, la Cantine du Châtelet (Luxembourg) se démarque par son approche créative et la très grande diversité de ses préparations."

Net méi op der Lëscht sinn de Bistro 1865 zu Clierf, den Two 6 Two zu Stroossen an de Mamma Bianca an der Stad.


D'Presentatioun vum komplette Michelin-Guide mat allen Auszeechnungen a Stären ass den 23. November zu Gent.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.