Top 10Déi deiersten Hotelszëmmer vun der Welt

Am Ranking vun dëser Woch kucke mir op déi deiersten Hotelszëmmer vun der Welt.

© AFP
Vill Leit investéieren all Joer vill Zäit doranner, fir sech ee flott Hotelszëmmer ze sichen. Dacks hu Leit hei Kritären, déi fir si erfëllt musse ginn. Dobäi hält een awer och ëmmer de Präis am Bléck, dass d'Vakanz net ze deier gëtt. Mir waren awer op der Sich no richteg deieren Hotelszëmmer an do hu mir Iech déi 10 deierst vun der Welt erausgesicht.

10. Atlantis Paradise Islands Resort - Bahamas
Op de Bahamas kënnen d'Gäscht an der Bridge Suite iwwernuechten, déi kascht allerdéngs fir eng Nuecht ganzer 23.426 Euro. Dofir kréien d'Gäscht 10 Zëmmer, eng Hausbar an natierlech ee ganz schéine Bléck op d'Mier.




9. Ritz Carlton - Tokio
Weider geet et mam Ritz Carlton Hotel zu Tokio. Um Daach vum héchste Gebai vun der Stad kann een an der Ritz Carlton Suite ganz gemittlech fir 23.473 Euro d'Nuecht schlofen. Wat kritt een da gebuede fir dëse Präis? Ma 300 Quadratmeter waarden op een a bei guddem Wieder gesäit ee souguer de Bierg Fuji. Weider fënnt een hei och héichwäerteg technesch Geräter, esou wéi ee risegt Buedzëmmer.

8. The Westin Excelsior - Roum
Fir de Präis vun "nëmmen" 28.111 Euro kann een zu Roum d'Suite mam Numm "Villa la Cupola" fir eng Nuecht buchen. Hei huet een e Spa mat Dampfbad ganz fir sech eleng, dat Ganzt mat Whirpool, engem Fitnessraum, engem private Kino an engem private Wäikeller. Weider huet ee 7 Terrassen, vun deenen een iwwer ganz Roum kucke kann.

7. Hotel Cala die Volpe - Sardinien
Op Plaz 7 komme mir dann op e Präis vun iwwer 30.000 Euro. D'Presidential Suite vum Hotel Cala die Volpe a Sardinien kascht nämlech 30.676 Euro. Fir säi Geld kritt een hei een eegene Pool, een eegene Wäikeller an ee Fitnessraum. Ee Plus ass dann nach déi herrlech Vue op d'Mier.




6. Grand Resort Lagonissi - Athen
An der Royal Villa am Grand Resort Lagonissi huet ee schonn emol d'Wiel tëscht 3 Schlofkummeren. Weider kritt ee fir seng 33.253 Euro ee private Butler, ee private Pianist, ee Barkeeper an eng grouss Schwämm.




5. Palms Resort - Las Vegas
Op der 5. Plaz steet déi zweestäckeg Suite vun der Hugh Heffner Sky Villa aus dem Palms Resort zu Las Vegas. Hei kritt ee fir 33.253 Euro d'Nuecht direkt e puer Schwämmen, déi engem eng wonnerbar Siicht iwwer d'komplett Stad bidden. Weider gëtt et hei ee risegt Bett, dat een dréine kann. 24 Stonne laang steet engem ee Butler zur Verfügung.




4. Martinez Hotel - Cannes
Am Martinez Hotel zu Cannes kann een et sech nawell och gutt goe loossen, wann ee bereet ass, 35.139 Euro d'Nuecht ze bezuelen. 300 Quadratmeter mat privater Terrass, Iesszëmmer, Stuff a 4 Schlofkummere waarden hei op een. Natierlech ass de Butler-Service och hei mat abegraff.

3. Four Seasons Hotel - New York
Fir bal 40.000 Euro d'Nuecht kann ee sech dann och eng Nuecht an der Warner Penthouse Suite am Four Seasons zu Manhattan gënnen. Hei huet een eng onvergiessleche 360-Grad-Vue iwwer ganz New York.

2. The Raj Palace Hotel - Jaipur
Wien nach méi Suen ausgi wëll, dee ka fir 42.167 Euro eng Nuecht an der Presidente-Suite am Raj Palace Hotel zu Jaipur an Indien verbréngen. Op 4 Etagë waarden divers Schwämmen an Terrassen, sou wéi ganz vill aner Extraen. Am Ganzen huet een hei 1.500 Quadratmeter ganz fir sech.

1. Hotel President Wilson - Genf
D'Plaz 1 setzt sech dann awer däitlech vun deenen aner of, well wien an der Suite am Hotel President Wilson zu Genf iwwernuechte wëll, dee muss ganzer 60.909 Euro hibliederen. Ee kugelsécheren, gepanzerte Glas-Lift bréngt d'Gäscht hei an déi 1.800 Quadratmeter grouss Suite. 12 Kummere mat 12 Buedzëmmer aus Marmer erwaarden een hei. Ee Billardsdësch an Concertspiano sinn och mat dobäi. De Bléck op de Genfer Séi ronnt dat Ganzt dann of.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.