Horror-ToiletteMann beim Pippi maache vu Schlaang a bescht Stéck gebass

En Thailänner gouf bei sech doheem zu Bangkok vun enger 3 Meter grousser Schlaang gebass, wéi hei grad op der Toilette war fir sech z'erliichteren.

© AFP
De 45 Joer ale Mann hätt gemierkt, dass iergendeppes hie géif a säi bescht Stéck bäissen an dunn hätt en eréischt déi 3 Meter laang Schlaang entdeckt. Säin éischte Reflex war d'Déier fest unzehalen, sou dass se huet misse lassloossen. D'Noperen hunn de Mann duerno an d'Spidol gefouert, wou hie mat 15 Stéch huet misse gebutt ginn. D'Python gouf an där Zäit vun de Rettungsekippen agefaang an nees an d'Fräiheet entlooss.
 
De Mann ass dem Déier awer net rosen, mä gëtt sech selwer d'Schold um Virfall. Hien hat 2 Méint éischter schonn emol eng Schlaang a sengem Haus gesinn, op enger anerer Toilette, déi net méi benotzt gouf. Hien hätt do awer net dru geduecht, dass d'Toilette matenee verbonne sinn. Do hätt hie misse méi virsiichteg sinn.

An der thailännescher Haaptstad Bangkok kënnt et dacks vir, dass Schlaangen an Haiser oder Gäert opdauchen. Eleng d'lescht Joer goufen an der Millioune-Metropol eng 35.000 Schlaangen agefaang.