Brong oder schwaarz?Medie beschäftege sech mat de Schong vum Jean-Claude Juncker

De Jean-Claude Juncker huet nees eng Lawin op Twitter lassgetrëppelt. An engem Video schéngt et, den EU-Kommissiounspresident hätt zweeërlee Schong un.

De Video vum Jean-Claude Juncker mat de presuméierten 2 Puer Schong mécht de Moment massiv d'Ronn op Twitter, och déi international Press huet d'Thema ewell opgegraff, war den EU-Kommissiounspresident schonn emol am Juli dëst Joer wéinst enger Sciatique opgefall.

Juncker fuerdert Respekt: Gesondheetsproblemer gi just mech eppes un

Dës Kéier gëtt sech dann net op de Gesondheetszoustand konzentréiert, dës Kéier sinn et d'Schong. Ma huet de Jean-Claude Juncker tatsächlech ee brongen an ee schwaarze Schong un?

Kuckt ee sech just deen Extrait un, dee op de sozialen Netzwierker gedeelt gëtt, schéngt et effektiv esou ze sinn.



An engem anere Video kuerz virun der Konferenz, am Kader vum EU-Südafrika-Sommet, gesäit een de Jean-Claude Juncker bei enger kuerzer Entrevue mam südafrikanesche President Cyril Ramphosa an dem EU-Rotspresident Donald Tusk. Do sinn d'Schong allebéid schwaarz.

Deemno ass et net esou, datt de Jean-Claude Juncker seng Schong falsch gewielt huet, ma éischter war wuel eng falsch Beliichtung Schold um Duerchaneen. 



Et gouf sech donieft och d'Fro gestallt, firwat de Jean-Claude Juncker kuerz virun der Konferenz de Raum verlooss huet. Natierlech gouf do och de Phenomen mat de Schong als Grond opgegraff. Ma éischter loung et wuel dorun, dass de Lëtzebuerger iwwerrascht war, dass d'Gespréicher op Englesch, an net wéi erwaart op Franséisch sollte sinn.