VILL NEI FOTOENWat steet an der Luxexpo um Menü?

"Expogast" a "Villeroy & Boch Culinary World Cup" vum 24. bis 28. November mat dausende Käch, 30.000 Visiteuren a 150 Journalisten aus der ganzer Welt.

Lëtzebuerg steet aktuell erëm am Mëttelpunkt vun der kulinarescher Welt. Fir déi 13. Kéier ass 5 Deeg laang d’Gastronomiefoire EXPOGAST a gläichzäiteg den internationale Kachconcours “Villeroy & Boch Culinary World Cup” um Kierchbierg an der LUXEXPO THE BOX.

FOTOGALERIE: Weider Andréck vum Sonndeg vun Olidom Multimedia
FOTOGALERIE: Andréck vum Sonndeg vum Henri Schwirtz.
FOTOGALERIE: Andréck vum Samschdeg vum Ketty a Rom Hankes.
FOTOGALERIE: Andréck vun der Ouverture e Freideg, vum Paul Theisen.

All véier Joer zitt dësen Evenement Professioneller a Frënn vun der Gastronomie un. Dëst Joer op nach méi Surface a mat méi Käch.

Klickt op d'Foto, fir bei d'Galerie vum Samschdeg ze kommen.© Ketty a Rom Hankes

Klickt op d'Foto, fir bei d'Galerie vun der - feiereger - Ouverture ze kommen.© Paul Theisen


Dräi Organisateure sinn un dësem Evenement bedeelegt, LUXEXPO THE BOX, d’Kommunikatiouns- an Eventagentur Brain&more ewéi de Vatel Club Lëtzebuerg.

Expogast: Iessen, kachen, schmaachen, genéissen ... (24.11.2018)
All 4 Joer steet d'Gastronomie um Kierchbierg am Mëttelpunkt: Eng 75 Natiounen huelen un der Kach-Weltmeeschterschaft deel an de Public dierf derbäi sinn.


6 Stonne laang gouf e Samschdeg gekacht, déi eenzel Ekippen haten als Aufgab, en Owesiessen ze preparéieren: eng Entrée, en Haaptplat an en Dessert. Gefuerdert waren Disziplin an Timing.



9 verschidde Länner si géinteneen ugetrueden. Mat vill Konzentratioun an dem néidege Seriö gouf an den eenzelen Ekippe geschafft. Eleng de Goût vum Iesse mécht an der Bewäertung um Enn 50 Prozent aus.

Lëtzebuerg gëtt zum kulinaresche Mëttelpunkt vun der Welt (19.11.2018)
EXPOGAST a Villeroy & Boch Culinary World Cup vum 24. bis 28. November an der LUXEXPO THE BOX.

De “Villeroy & Boch Culinary World Cup” ass ee vun de gréisste Kachconcourse weltwäit. Zënter 1972 organiséiert de Club vun de professionelle Käch zu Lëtzebuerg, de Vatel Club, dëse Concours hei am Land. D’Umeldunge fir dëst Joer sinn ofgeschloss an all d’Startplaze verdeelt. Am ganze wäerte bei dëser Editioun Participanten aus 75 verschiddenen Natioune vu 5 Kontinenter deelhuelen, wat 11 Natioune méi sinn ewéi nach 2014. Dem Organisateur no huet ee souguer missten Ekippe refuséieren, well een aus Plaz- an organisatoresche Grënn net méi Participante konnt unhuelen. A verschiddene Kategorien trieden d’Natioune wärend de fënnef Deeg géinteneen un, vun 3-Gäng-Menüe kachen, iwwert kal Buffete presentéieren, hin zu Patisserie-Concoursen a gi vun enger 52-käppeger internationaler Jury bewäert. Lëtzebuerg ass mat enger Nationalekipp bei den Erwuessenen a bei de Juniore vertrueden an huet och eng Ekipp am “Community Catering” um Start. Am grousse ganzen trieden 3.017 Käch an all de Kategorien zesummen un.

En Accent setzt een dëst Joer op Nohaltegkeet. Stéchwierder dofir si während dem Concours “paperless” an “anti-waste”. D’Jurysmembere wäerten ouni Pabeier schaffen an hir Notten op Tabletcomputer antippen. D’Ekippe vun de Junioren an aus der Kategorie Gemeinschaftskichen hunn zur Aufgab, wärend dem Concours ze beweisen, wéi si et hikréien ze kachen ouni vill Liewensmëttel ze verschwenden.

Net nëmmen d’Jurysmembere kënnen déi verschidde Plate schmaachen. Wärend deene 5 Deeg kënnen all Owend 890 Leit am “restaurant des nations” iessen. Zerwéiert ginn d’Plate vun de Schüler aus der Hotelsschoul vun Dikrech op, spezielle fir dëse Concours ausgesichten, Telleren, déi den Haaptsponsor zur Verfügung stellt. Vum 24. Oktober un um 10 Auer kann ee sech seng Ticketen dofir online op www.expogast.lu kafen.

Nieft den dausende Käch erwaart ee sech méi ewéi 30.000 Visiteuren an 150 Journalisten aus der ganzer Welt.

Expogast: Preparatioune lafen op Héichtouren (22.11.2018)
E Samschden ass et esou wäit, da ginn d’Diere vun der EXPOGAST op an dat schonns fir déi 13. Kéier.

Fakte Villeroy & Boch Culinary World Cup:
5 Deeg

75 Natiounen

3.017 Käch

52 Jurymemberen

120 Benevoller

890 Plazen am Restaurant de nations

Infos zu den Lëtzebuerger:
24.11.                   Youth National Team Luxembourg - Buffet

25.11.                   Luxembourg Culinary Catering Team – Hot Kitchen

26.11.                   Youth National Team Luxembourg – Hot Kitchen

26.11.                   National Culinary Team Luxembourg – Cold

28.11.                   National Culinary Team Luxembourg – Hot

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.