Beschtbezuelte SängerinForbes: D'Katy Perry verdéngt am meeschten

D'Wirtschaftszäitschrëft Forbes huet a sengem aktuelle Ranking déi Frae opgelëscht, déi an der Museksbranche am meeschte verdéngen.

Op Plaz 1 vun der neier Forbes-Lëscht ass d'Katy Perry gelant. Si huet tëscht Juni 2017 a Juni 2018 duerch hir Tournée "Witness" an hir Aarbecht bei der Casting-Show "American Idol reboot" am Ganzen 83 Milliounen Dollar verdéngt. Do hannendru fënnt een d'Taylor Swift, déi mat hirem Album "Reputation" op e Joresakommes vun 80 Millioune kënnt.

D'Beyoncé, déi d'lescht Joer mat 105 Milliounen Dollar nach op der 1 war, huet e puer Plaze verluer. Mat 60 Milliounen Dollar ass et just duergaang fir op d'Plaz 3.

Grouss Iwwerraschung ass d'Placéierung vum Helene Fischer, déi als eenzeg däitsch Sängerin an den Top Ten vertrueden ass. Fir si ass et d'Plaz 8. Si verdéngt deemno méi wéi sou munch "Diva" an den USA. Ze verdanke sinn déi 32 Milliounen Dollar virun allem duerch hir immens erfollegräich Tournée. Mat deem Montant läit si aktuell nach virum Céline Dion a Britney Spears.

Hei déi komplett Lëscht:

10. Britney Spears - 30 Milliounen Dollar
9. Céline Dion - 31 Milliounen Dollar
8. Helene Fischer - 32 Milliounen Dollar
7. Rihanna - 37,5 Milliounen Dollar
6. Jennifer Lopez - 47 Milliounen Dollar
5. Lady Gaga - 50 Milliounen Dollar
4. Pink - 52 Milliounen Dollar
3. Beyoncé - 60 Milliounen Dollar
2. Taylor Swift - 80 Milliounen Dollar
1. Katy Perry - 83 Milliounen Dollar