Schlecht ugeluechtOnéierleche klaut Wäertsaachen, vergësst awer eegent Gebëss

Zu Ulm konnt d'Police en Déif séier fannen, well dësen no senger Dot säi Gebëss op der Plaz vergiess hat.

© Shutterstock (Archiv)
Et war eng Feier ënnert d'Aarbechtskollegen. Et gouf e bëssi giess an et ass och Alkohol gefloss. Dat béisst Erwäche koum dunn um Moien dono. Wuel hate verschiddener en decke Kapp, ma déi Meescht vun hinnen hat och eidel Täschen. Handyen, Suen a Bankkaarte ware geklaut ginn.

Den Déif hat sech dobäi awer net ganz clever ugeluecht oder hat vläicht selwer och ze vill gedronk. Ee vun den Männer, déi beklaut goufen, hat nämlech e Gebëss a senger Täsch, an net säin Eegent. D'Police gouf alarméiert an den Täter war séier fonnt.

Et war en neien Aarbechtskolleg, deen mat den anere Männer zesummen am Gebai gewunnt huet, wou gefeiert gouf. D'Beamten hunn de Mann missten erwächen, well dee säi Rausch nach net ganz ausgeschlof hat. Déi beklauten Aarbechtskollege kruten hir Saachen zeréck an den Täter och säi Gebëss. Den neien Job ass de Mann awer schonn nees lass.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.