Advent, AdventDéi 20 flottste Chrëschtmäert an Europa

Kuerz virun de Feierdeeg fënnt ee se praktesch un all Eck: Chrëschtmäert. Op europeanbestdestinations.com konnt ofgestëmmt ginn, wéi een de Schéinsten ass.

© europeanbestdestinations.com / Zagreb Tourist Board
Sief et fir nach e Kaddo fir ënnert de Beemchen ze fannen, déi speziell Atmosphär, de Geroch vu Chrëschtbeemercher oder de Klang vun de Chrëschtdagslidder, de Wanter an Europa ass extra schéi ëm Chrëschtdag. Ma wéi ee Chrëschtmaart ass dann an Europa iwwerhaapt dee Schéinsten? Doriwwer hu Millioune Leit dierfen ofstëmmen a bestëmmen esou de Ranking vun hire Liiblingschrëschtmäert an der EU.

www.europeanbestdestinations.com

1. Zagreb a Kroatien
Scho fir dat drëtt Joer hannerteneen ass Zagreb op Plaz 1 vun deene Plazen an Europa, wou een ee vun de beschte Chrëschtmäert fënnt. D'Geheimnis vun der kroatescher Haaptstad kënnt virun allem duerch déi gutt Qualitéit, der frëndlecher a festlecher Atmosphär mat ënnert anerem ville Concerten, enger Schlittschongpist a ganz attraktive Präisser.

De Maart ass vum 1. Dezember bis de 6. Januar op.

© Julien Duval


2. Colmar a Frankräich 
Net wäit vu Stroossbuerg ewech, fënnt een deen zweetschéinste Chrëschtmaart an Europa an dee schéinsten a Frankräich, deen and er Adventszäit besonnesch vill Leit an Touristen unzitt. Colmar ass net nëmmen als Stad selwer scho kuckenswäert mat senger aussergewéinlecher Architektur, der spezieller Gastronomie an hirer Kulturm a wärend der Chrëschtdagszäit si ganz vill Stroossen an Haiser extra beliicht an et kann een tëscht 5 verschiddene Plaze pendelen.

De Maart ass vum 23. November bis den 30. Dezember op.

© Colmar Tourisme


3. Wien an Éisträich
Wien gehéiert esou schonn zu engem vun de flottste Reesdestinatiounen op der Welt, dat gëllt also och an der Adventszäit. Déi ganz Stad verwandelt sech an där Zäit an e risegen, mageschen an eenzegaartege Chrëschtmaart, dee bei Grouss a Kleng onvergiesslech Erënnerungen hannerléisst. ee vun de bekannteste Mäert ass den traditionellen "Wiener Adventszauber"

De Maart ass vum 17. November bis de 24. Dezember op.

© Calin Stan


4. Budapest an Ungarn
De Chrëschtmaart zu Budapest gehéiert bei ville Leit zu engem vun den absolutte Favoritten an Europa, besonnesch duerch déi speziell Atmosphär op der Vörösmarty Plaz ronderëm d'Basilika. Et gëtt gemunkelt, dass de Kleeschen do seng Akeef mécht, esou schéin wier et do.

Déi vill flott Flashmobs an eng spezieller Liichter-Show, déi ee mat 3D-Glieser op der Fassad vun der Basilika bewonnere kann, verwandelt den Zentrum vun der Stad an e Paradebeispill a Saache Chrëschtdag.

De Maart ass vum 27. November bis den 2. Januar op.

© Lerner Vadim


5. Stroossbuerg a Frankräich
Natierlech ass Paräis wärend der Chrëschtdagszäit eng Visitt wäert, ma et ass Stroossbuerg, dat sech an där Zäit an déi wuertwiertlech "Capital of Christmas" verwandelt, mat spektakulären Stroossebeliichtungen, traditionellen elsässesche Spezialitéiten a kulturellen Highlights. Op kee Fall sollt een een vun de 4 Adventsconcerten verpassen. Iwwregens ass dëse Chrëschtmaart, deen et schonn zanter 1570 gëtt, deen Eelsten a Frankräich.

De Maart ass vum 23. November bis den 30. Dezember op.

© Marinada


6. Montbeliard a Frankräich
Et ass déi éischte Kéier, dass Montbeliard sech am Ranking placéiert huet an huet et souguer direkt an d'Top 10 gepackt. Positiv opgefall wier seng besonnesch schéi Chrëschtdagsatmosphär an déi speziell Handwierkskonscht, déi een do gebuede kritt.

De Maart ass vum 24. November bis de 24. Dezember op.



7. Aachen an Däitschland
Et ass scho bal kloer, dass am Häerz vun Europa och ee vun de schéinste Chrëschtmäert ze fannen ass. Dëse Maart ass schonn zanter ville Joren dee Beléiftsten an Däitschland. D'Stroosse ronderëm d'Kathedral verwandele sech mat de ville Luuchten an eng ganz faarweg Chrëschtdagsduerf an natierlech sollt ee sech déi traditionell Aachener Printen op kee Fall entgoe loossen.

De Maart ass vum 23. November bis den 23. Dezember op.

© Huang Zheng / Shutterstock


8. Basel an der Schwäiz
Basel huet déif verwuerzelt Traditiounen, do ass et net verwonnerlech, dass hire Chrëschtmaart zu engem vun den 10 Schéinsten an Europa gehéiert an definitiv eng Visitt wäert ass. Et ass och net nëmmen déi gutt erhalen Alstad, déi esou vill Leit ulackelt, ma och déi vill Butteker déi ëm Chrëschtdag an engem waarme Glanz schimmeren.

De Maart ass vum 22. November bis den 23. Dezember op.

© Andreas Gerth / Basel Tourismus


9. Metz a Frankräich
Och Metz huet et fir eng éischte Kéier an dëse Ranking gepackt. Besonnesch beléift ass hire Chrëschtmaart duerch déi wonnerschéin Äisskulpturen. A fir déi kal Fangeren duerno nees ze wiermen, kritt een en traditionellen waarmen Äppeljus.

De Maart ass vum 18. November bis den 30. Dezember op.

© Benoit-Lapray - Justin-Pix / Bureau-de-Tourisme-de-Metz


10. Tallinn an Estland
Der Legend no huet de Santa Claus héchstperséinlech Tallinn erausgesicht, fir do deen alleréischte Chrëschtmaart iwwerhaapt opzeriichten.

Et ass virun allem d'Architektur gemëscht mam Schnéi, déi dëse Maart ideal fir déi klassesch Chrëschtdagsfotoe mécht. Déi historesch Atmosphär mam Chrëschtbeemchen, dee schonn zanter 1441 opgeriicht gëtt, maachen Tallinn zu enger magescher Plaz, wann ee sech bei den äisegen Temperaturen dann dohintraut. Besonnesch flott soll e Programm an der Silvesternuecht sinn.

De Maart ass vum 24. November bis de 5. Januar op.



Plazen 11 bis 20
11. Bréissel an der Belsch, vum 30. November bis de 6. Januar.
12. Prag an der Tschechescher Republik, vum 1. Dezember bis de 6. Januar.
13. Manchester a Groussbritannien, vum 9. November bis den 22. Dezember.
14. Köln an Däitschland, vum 26. November bis den 23. Dezember.
15. Amiens a Frankräich, vum 23. November bis den 31. Dezember.
16. Dresden an Däitschland, vum 28. November bis de 24. Dezember.
17. Nürnberg an Däitschland, vum 30. November bis de 24. Dezember.

18. Rothenburg ob der Tauber an Däitschland, vum 30. November bis den 23. Dezember.
19. Bern an der Schwäiz, vum 1. bis de 24. Dezember.

20. Leipzig an Däitschland, vum 27. November bis den 23. Dezember.

Op Forbes gouf sech och mat de schéinste Chrëschtmäert befaasst. D'Plaz 1 ass identesch, och bei hinnen ass Zagreb op Plaz 1. Interessant ass awer, dass een am Forbes-Ranking och Lëtzebuerg erëmfënnt. De Stater Chrëschtmaart huet et do op Plaz 3 gepackt.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.