Rank fir 30 Mio DollarIerfstécker vum Frank a Barbara Sinatra gi versteet

1998 ass de berühmten US-Sänger a Schauspiller Frank Sinatra gestuerwen, seng Fra Barbara d'lescht Joer. Elo kënnt hire Besëtz ënnert den Hummer.

© AFP
20 Joer no sengem Doud ginn elo e puer Stécker aus sengem Besëtz versteet, ënner anerem Miwwelen, Konschtwierker an och exklusiv Bijouen. Déi Accessoirë si vun der Barbara Sinatra, déi d'lescht Joer gestuerwen ass a bis dem Doud vum Frank Sinatra mam Sänger bestuet war.

De Frank Sinatra war e puer Mol scho bestuet, ma mam Model Barbara am längsten, vun 1976 un bis zu sengem Doud. Fir déi grouss Léift gouf et natierlech och een extravaganten Diamand-Rack a genee deen, gëtt elo versteet.

De 4. Dezember soll de Bijou vum Barbara Sinatra ënnert den Hummer kommen a Sotheby's huet och schonn eng Iddi, a wéi eng Richtung de Präis goe kéint. Rieds geet hei vun 1,5 Milliounen Dollar. Bei dëser Stee sinn awer nach e puer Millioune weider méiglech, well d'Barbara Sinatra hat net nëmmen deen ee Rank, 2 Deeg virun Niklosdag ginn nach Braceleten, Broschen an Ouerréng ugebueden.

Den Highlight vun der Stee ass awer net de Verlobungsrank vum Frank a vum Barbara, mä e Rank mat engem aussergewéinlech rengen a klore bloen Diamant, deen d'Form vun enger Drëps huet. Sotheby's geet dovunner aus, datt dëse Bijou bis zu 30 Milliounen Dollar abrénge kéint.

© Sotheby's