Allgemenge Problem wann ee matten an der Nuecht aus dem Schlof gerappt gëtt; et kënnt een net méi un. Da gi sech Gedanken iwwer d'Suen, d'Aarbecht oder d'Zukunft gemaach an da war et dat mam wuelverdéngte Schlof. Enger däitscher Etüd leide ronn 80 Prozent vun de Leit déi engem Beruff noginn ënner Schlofstéierungen.
Sou eng Decke mat Gewiicht, och Therapiedecke genannt, spiert een um ganze Kierper a léisst en déiwen Drock am Kierper aus, am Englesche soe se Deep Touch Pressure dofir. Dat Gefill kënnt op eng Ëmäerbelung eraus. Den Drock hëlleft dem Nervesystem zur Rou ze kommen, well huet de Kierper Rou, ass et och bannendra roueg, wat dann dofir suergt, datt Melatonin produzéiert gëtt, d'Hormon fir ze schlofen.
Dës Decke kommen och am Kader vun Therapien an den Asaz, zum Beispill kënne Leit mat Depressioun mam Effekt vun der Decken entspanen. Dat gëllt och fir verschidde Forme vun Autismus. Souguer onroueg Kanner kënnen duerch eng Decke mat Gewiichter, an dësem Fall net sou schwéier Gewiichter, hir Rou am Bett fannen. Bei de Kanner gëtt och net verlaangt d'Decken déi ganz Nuecht um Kand ze loossen, 20 Minutten nodeems d'Kand ageschlof ass, kann een déi méi schwéier Decken duerch eng ganz normal ersetzen.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.