Luxembourg in the 80s 90sNeie Facebook-Grupp schléit a wéi eng "Boum"

Virun 2 Woche gegrënnt, elo zielt de Grupp schonn iwwer 8.100 Memberen, déi hir Souveniren aus där Zäit mateneen deelen.

D'80er ware scho cool, an Däitschland ass d'Mauer gefall, d'Nena huet seng Loftballone fléie gelooss an de Prince huet sech duerch d'Hitparade gekusst. De Walkman war eng kleng Sensatioun, de Boris Becker an d'Steffi Graf hunn d'Tennis-Welt op d'Kopp gestallt an de Film "Dirty Dancing" koum an de Kino. Haut weess déi nei Generatioun emol net méi wat eng Kassette ass.

Ma och 90er Jore ware scho bal "zu geil für diese Welt" wéi et am Lidd vun de Fantastischen Vier sou schéi geheescht huet. Den Internet war do nach an de Kannerschong, Take That huet sech opgeléist, d'Spice Girls hunn un hirem Comeback geschafft an den Helmut Kohl gouf ofgewielt.

Et si net just dës Erënnerungen, déi am Facebook-Grupp hire Revival hunn, et sinn och Klengegkeete wéi eng Adidas-Box mat de säitleche Knäpp, un déi ee mat Fotoen erënnert gëtt. Oder erënnert Dir Iech nach un de Fliger-Restaurant zu Mamer? Jo, dat si schonn eng jett Joren hier a wien do sou munches vergiess huet aus senger Zäit, kritt an deem Grupp e Flashback. Souguer eng "Boum" wëll een organiséieren...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.