VIDEO-ReportageKinnigin vun Dänemark designt "Nussknacker"-Kostümer

Wat wier Chrëschtdag ouni den "Nussknacker". D’lescht Woch war am Tivoli zu Kopenhagen d’Première vum Tchaikovsky sengem Ballet-Klassiker.

Kinnigin vun Dänemark designt "Nussknacker"-Kostümer (28.11.2018)
Wat wier Chrëschtdag ouni den "Nussknacker". D’lescht Woch war am Tivoli zu Kopenhagen d’Première vum Tchaikovsky sengem Ballet-Klassiker.

Faarweg Kostümer, e fantasievollen Dekor – an dat alles huet e royalen Designer entworf: d’Kinnigin Margrethe II vun Dänemark. Dass si eng artistesch Oder huet, konnt déi dänesch Kinnigin schonn an 12 anere Projete weisen. Beim "Nussknacker" ass si fir déi 3. Kéier als Kostüm- a Set-Designerin dobäi a genee esou wéilt si och behandelt ginn an net als Kinnigin.

E Ballet wéi den "Nussknacker" misst voller Faarwen a Freed sinn, fënnt d’Kinnigin Margrethe. An dat weist si och an hirem Design. Wann een eng Produktioun vun der Kinnigin gesäit, wéisst een direkt, dass si dohannert stécht, erkläert de Choreograph Peter Bo Bendixen. Hir Faarfkombinatioune sinn hiert Markenzeechen.

An och de Public konnt d’Kinnigin mat hire Kreatiounen iwwerzeegen. Si géing eng ganz modern Säit vun der Monarchie weisen, an dass een als Kinnigin och am richtege Liewen aktiv ka sinn, mengt eng franséisch Journalistin, déi bei der Première dobäi war.

Dass hir Kompetenzen iwwert déi offiziell Zeremonien an hirer Roll als Kinnigin erausginn, konnt d’Margrethe II hei op en Neits beweisen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.