Fuerderung vu Peta"Rue de la Saucisse" zu Issigeac en Dordogne muss neien Numm kréien

An engem Bréif fuerdert d'Déiereschutzorganisatioun Peta de Buergermeeschter vum Duerf op, fir den Numm vun der Strooss ze änneren.

© Google Maps
Issigeac en Dordogne, ëstlech vu Bordeaux, ass eng zum gréissten Deel Mëttelalter-Stad, déi och vill Touristen unzitt. An dësem Joer waren dann och e puer Membere vu Peta do, déi sech un eppes gestéiert hunn. Eng vun de Stroossen am alen Deel vun der Stad heescht "Rue de la Saucisse".

Peta Frankräich huet reagéiert an eng Mail un de Buergermeeschter geschriwwen, datt een dësen Numm misst änneren. Si proposéieren et, "Rue Soy-cisse" ze nennen, eng Referenze op der englescht Wuert fir Soja.

"Dat ass egal wat an et steet ausser Fro, datt mir dat maachen" huet de Buergermeeschter Jean-Claude Castagner an engem Interview mam "Le Parisien" gesot.

Esou gesäit et och d'Elma Laporte, déi eenzeg Persoun, déi aktuell an der klenger Strooss lieft. "Saucisse" huet nämlech näischt mam Fleeschprodukt ze dinn, mä et war de Spëtznumm vun enger Fra, déi am 20. Joerhonnert an der Stad gelieft huet. Esou wéi d'Elma Laporte an hire Buergermeeschter gesinn dat och de Gros vun den Awunner vum Duerf, esou dat et net wahrscheinlech ass, datt den Numm hei geännert gëtt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.