Fir ënnert de BeemchenGeckeg a witzeg Kaddoe fir Chrëschtdag

All Joer déi selwecht Fro: Wat schenken ech menge Léifsten? Mir hunn den Internet op d'Kopp gedréint a gräifen dem Chrëschtkëndchen ënner d'Äerm.

© Domaine public
Parfum, Strëmp en neie Buedmantel oder awer léiwer nees eng Corbeille oder eng Dekoratioun. All Joer stellt ee sech déi selwecht Fro, wat soll fir Chrëschtdag fir eis Léifsten ënnert de Beemchen. Ma et mussen net ëmmer traditionell Kaddoe sinn, et kann och emol geckeg an originell sinn.

Mir hunn eis duerch den Internet geklickt an e puer geckeg Iddien zesummegesicht:
Nuesschnappech-Spender

Dësen Accessoire passt eigentlech iwwerall hin, egal ob an der Stuff oder am Buedzëmmer, egal wou ee sëtzt en Nuesschnappech ass ëmmer praktesch direkt parat ze hunn. A wie sech elo net gär eng einfach Këscht dohi stellt, mécht et mat enger Statue vun der Ouschterinsel einfach manner offensichtlech.



Clocky

De perfekte Kaddo fir all "Morgenmuffel" oder moies einfach net op Zack ass. Dëse Wecker op Rieder mécht garantéiert hellwaakreg an eng kleng sportlech Aktivitéit direkt nom Opstoen huet och nach kengem geschuet.



Béier fir selwer ze maachen

De perfekte Kaddo fir e Mann, dee frou ass mat Béier. Am Set fënnt een alles, wat ee brauch, fir 25 Liter Béier ze brauen.



Social Shower Curtain

Dir sicht e Kaddo fir eng Persoun, déi sech eng Welt ouni Facebook a Co. net méi virstelle kann, dann ass den Dusch-Riddo am Look vun der eegener Facebook-Profilsäit e Must Have.



Schwäizer Täschemesser XXL

Jo, en Täschemesser ass e klassesche Kaddo, ma d'original Schwäizer Offizéiersmesser Giant vu Wenger huet tatsächlech 87 Outile mat Ganzer 141 Funktiounen. Wat ausgesäit wéi e Witz, ass tatsächlech e funktionellt Messer, mat Zertifikat an enger dekorativer Këscht.



Retro-Telefon

Iergendwann kënnt alles zeréck, och aus den 80er Joren. Dëse modernen Telefon gesäit vläicht Retro aus, sinn awer genee sou performant wéi déi neiste Modeller, se gesinn awer just méi exzeptionell aus. Verschidde Modeller bidden och nees Zifferen, fir ze dréinen hunn.



Gilet fir Hénger

Dir wëllt engem Bauer eng Freed maachen, bei deen Dir Är frësch Eeër kafe gitt. Dann ass dëst de perfekte Kaddo. D'Gilete sinn net nëmme witzeg, ma se suergen och nach fir zousätzlech Sécherheet um Haff.



Candy Grabber

Dir selwer oder Är Kanner solle manner naschelen? Wéi wier da mam Candy Grabber? Kiermes-Feeling verbonne mat Spaass fir Grouss a Kleng ass do garantéiert.



Schnéiklatzen-Zaang

Déi nächst Schnéiklatze-Schluecht ass definitiv gewonnen. Mat dëser Zaang kritt een nämlech perfekt geformte Klatzen bannent nëmmen e puer Sekonne hin. E flotte Kaddo net nëmme fir déi Kleng.



Häkel-Baart

Als Witz oder fir déi Männer, déi einfach net genuch Baart hunn, ass den Häkel-Baart eng aussergewéinlech Alternativ. Praktesch och fir Wantersportler, déi mat der Moud wëlle goen a fir all déi, déi et gär waarm am Gesiicht hunn.



Lazy Mug

De perfekte Kaddo um Büro oder fir all déi , déi och tatsächlech nach ze liddereg sinn, hire Kaffi ze réieren. Dës Taass hält de Kaffi net nëmme waarm, se réiert en och nach vu ganz eleng.