Accord fonntBrad Pitt an Angelina Jolie hu sech beim Suergerecht gëeenegt

Iwwer 2 Joer no hirer Trennung huet sech déi fréier Hollywood-Dramkoppel gëeenegt, wat d'Suergerecht fir hir 6 Kanner ugeet.

Et konnt een domatter e geriichtleche Prozess verhënneren, melle verschidden amerikanesch Medien aus enger Erklärung vum Jolie hirer Affekotin. Detailer iwwert d'Eenegung wéilt een zum Schutz vun de Kanner net verëffentlechen. D'Angelina Jolie an de Brad Pitt hunn 3 eege Kanner an 3 adoptéiert Kanner.

Am Juni hat e Geriicht decidéiert, dass d'Schauspillerin de 6 Kanner méi en enke Kontakt zum Papp misst erlaben. Hätt d'Angelina Jolie dat net gemaach, hätt et riskéiert dat primäert Suergerecht ze verléieren, wat et bis elo hat.

D'Angelina Jolie hat am September 2016 no 2 Joer Bestietnis an 11 Joer Bezéiung d'Scheedung agereecht. Deemools hat et geheescht, dem Brad Bitt säi Cannabis- an Alkoholkonsum, an déi doraus resultéierend Roserei-Ufäll, wieren eng Gefor fir d'Wuel vun de Kanner gewiescht.