Hallef transparent um FilmfestivalActrice zu Kairo wéinst hirem Rack viru Geriicht

Eng Actrice gouf elo viru Geriicht zitéiert, well si wärend dem Filmfestival zu Kairo d'lescht Woch ee Rack unhat, deen hallef transparent war.

© AFP

Wéi et heescht, hätt een der Rania Youssef hir Been duerch de Spëtzerack kënne gesinn. Zwee Affekoten hunn doropshin eng Plainte wéinst Ustëftung zu Débauche deposéiert. D'Schauspillerin hätt géint egyptesch Traditiounen a Wäerter verstouss, heescht et an der Begrënnung. Am Fall, wou d'Fra veruerteelt gëtt, riskéiert si eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer.

D'Schauspillerin Rania Youssef huet sech iwwer Twitter fir hiren Optrëtt um Festival entschëllegt. Si hätt net geduecht, datt hire Rack, fir esou vill Onrou géif suergen.