Hugh Hefner-Auktioun162.500 Dollar fir dem Playboy-Grënner seng Schreifmaschinn

Honnerte Fans konnten de Weekend divers privat Objete vum verstuerwene Playboy-Grënner Hugh Hefner steeën.

© Robyn Beck / AFP

Vum roude Buedmantel bis iwwer bei e Viagra-Rank: bei enger Auktioun zu Los Angeles hunn honnerte Fans d'Méiglechkeet kritt, Raritéiten aus der Privatsammlung vum verstuerwene Playboy-Grënner Hugh Hefner ze kafen, dat natierlech, wann een dat néidegt Geld dofir hat.

© Robyn Beck / AFP

Eng Schreifmaschinn, mat där den Hefner am Joer 1953 déi éischten Editioun vun der Männerzeitung Playboy geschriwwen huet, gouf beim Auktiounshaus Julien's fir e stolze Präis vun 162.500 Dollar un de Mann bruecht. Ma och eng éischt Editioun vun der Zeitung selwer ass versteet ginn, dat fir 31.250 Dollar.

© Robyn Beck / AFP

Wärend deenen 2 Deeg, wou Saache vum Hefner versteet goufen, sinn och e Billardsdësch, eng Limousin an eng Jukebox aus dem Hefner senger Playboy-Mansion u d'Fans gaangen.

Ganz beléift waren och d'Kleeder vum Playboy-Guru, dorënner seng legendäre roude Robe-de-chambre awer och Pyjamaen, Motoradsjacketten , Bettwäsch sou wéi dem Hefner säi bekannte Viagra-Rank. Dëse Rank besteet aus 14-Karat Gold op deem eng Viagra-Pëll verschafft gouf.

© Robyn Beck / AFP

Den US-Schauspiller Jim Belushi huet dann och nach en Dréibuch fir d'Sendung "Saturday Night Live" aus dem Joer 1977 kaaft. Am September 2017 ass den Hefner am Alter vun 91 Joer gestuerwen.

Den Erléis vun der Auktioun kënnt iwwregens der Hefner-Stëftung zu gutt, déi sech fir d'Rechter vu Bierger, sou wéi fir déi fräi Meenungsäusserung asetzt.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.