ForbesLëtzebuerg op der Plaz 3 vun de schéinste Chrëschtmäert an Europa

Den amerikanesche Magazin Forbes huet Lëschte gären an d'Amerikaner hu gäre Chrëschtdag an Chrëschtmäert, déi et speziell an Europa gëtt.

Forbes huet elo eng Lëscht erausginn, mat den 10 schéinste Chrëschtmäert an Europa. Lëtzebuerg läit hei do op der 3. Plaz.

Forbes schreift, datt mir als Grand-Duché, deem eenzegen op der Welt wéi betount gëtt, ee vun deen eelsten an traditionellste Chrëschtmäert an Europa hätten.

E wär op 3 Plazen an der Stad, a klengen hëlzenen Hütten a Lëtzebuerger Spezialitéite géife verkaf ginn, wéi zum Beispill eng Mettwurscht oder Gromperekichelcher, respektiv „potato pancakes with apple sauce“.

Ze betounen ass awer och, datt den Auteur vun deem Artikel eng fräi Journalistin ass, déi hei am Land lieft.

Hei nach emol e internationale Ranking mat de schéinste Chrëschtmäert an Europa.
RTL NEWS: Déi 20 flottste Chrëschtmäert an Europa

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.