VIDEO-ReportageLuzy Brazier kënnt aus England, fir Sekretärinnen ze coachen

Wat géif een ouni se maachen? Si organiséieren, se halen e ganze Betrib wakereg, mee se stinn dacks am Hannergrond vun der Ekipp.

Luzy Brazier aus England coacht Sekretärinnen (03.12.2018)
Wat géif een ouni se maachen? Si organiséieren, se halen e ganze Betrib wakereg, mee se stinn dacks am Hannergrond vun der Ekipp.

Et heescht net méi Café zerwéieren a laang Bréiwer oftippen, mee se ass d'riets Hand vum Chef. De Beruff vun der Sekretärin ass net méi dee wéi fréier.

D'Lucy Brazier ass zu Besuch, fir den Assistentinnen e Coaching ze ginn a se drop hinzeweisen, wat fir eng wichteg Roll se spillen.