VIDEO - Campagne géint Exote-LiederD'Désirée Nosbusch setzt sech fir Peta an - plakeg

Zesumme mat der Déiereschutzorganisatioun Peta mécht d'Lëtzebuerger Actrice en Opruff un d'Leit, keen exotescht Lieder méi ze kafen.

© Peta.de
D'Désirée Nosbusch ass als Schauspillerin a Moderatrice net nëmmen hei am Land etabléiert. Dee Bekanntheetsgrad notzt d'Lëtzebuergerin elo och, fir sech am Thema Déiereschutz staark ze maachen an dat mat ganzem Kierperasaz.

D'Désirée Nosbusch huet sech fir d'Peta ausgedoen.

Wéi d'Déiereschutzorganisatioun matgedeelt huet, ass déi 53 Joer al Actrice d'Gesiicht fir hir aktuell Campagne, déi sech géint d'Ofschluechte vu Schlaangen, Krokodiller an anere Reptilien fir d'Produktioun vu Lieder asetzt. Mam Slogan "Ech si kee Moude-Accessoire!" ass d'Désirée Nosbusch dowéinst an Zukunft op de Plakater vun der Peta-Campagne ze gesinn.

An dës Campagne kënnt pénktlech virun de Feierdeeg. Vill Leit kafe besonnesch an där Zäit nämlech léiwer méi luxuriéis Kaddoen an dozou gehéieren och Poschen, Rimmer oder ähnlech Accessoiren aus Lieder, dacks Lieder vun exoteschen Déieren.

D'Produktioun fir dës Produiten ass fir d'Lëtzebuerger Schauspillerin extrem grausam. Eleng fir eng eenzeg Posch musse 4 Krokodiller stierwen. D'Déiere kréien ouni Anästhesie d'Genéck opgeschnidden, fir duerno mat enger Metallstaang d'Knachemuerch am Réck duerchgestach ze kréien. Do dierft sech d'Fro guer net méi stellen, ob een nach esou eppes keeft. Déiere fir d'Moud op esou eng Manéier ëmzebréngen, misst endlech der Vergaangenheet ugehéieren, e Grond méi, sech z'engagéieren a sech zum Beispill fir den Déiereschutz plakeg ze weisen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.