Star-InterviewMir hunn de Sänger "Milow" op der Night of the Proms getraff
D’Night of the Proms: dat sinn iwwer 100.000 verkaaften Ticketen. Mëschung vu klassescher a Pop Musek. Ee Star hate mer no sengem Optrëtt getraff.
Vun RTL
Star-Interview mam Milow (17.12.2018)
De Milow stoung leschten Donneschdeg bei der "Night of the Proms" op der Bühn. Mir haten de sympathesche Sänger am Interview.
Op der Bühn stounge grouss Nimm wéi Bryan Ferry, Tim Bednzko, Pointer Sisiter oder och nach de Milow, dee mer nom Concert fir en Interview getraff hunn.
De belsche Sänger a Song-Writer Jonathan Vandenbroeck, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Milow, stoung en Donneschdeg den Owend op der "Night of the Proms" scho fir déi aachte Kéier hei zu Lëtzebuerg op der Bühn.
Seng Hits “Ayo Technology” oder “You and Me” kënne mat ronn 100 Museker op der Bühn ze presentéieren: eng ganz nei Erfarung fir hien. Mir hunn de sympathesche Sänger no sengem Optrëtt getraff a mat him iwwer d'Musek an d'Tour-Liewe geschwat. Mir hunn awer och e wéineg déi däitsch Sprooch mat him geüübt. Firwat? A wat dobäi erauskoum? Dat gesitt dir am Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.