D'Police huet net schlecht gestauntMat 40 km/h um motoriséierte Vëlo ënnerwee

Mat engem klenge Bensinstank equipéiert war den 32 Joer ale Mann onerlaabt mat sengem Vëlo ënnerwee.

An der Vogelsanger Straße zu Ehrenfeld net wäit vu Köln war de Mann ënnerwee, wéi e mat ronn 40 Stonnekilometer virun der Police ënnerwee war, dat ouni gréisser Ustrengung. Ma säi Vëlo huet dobäi esou e Kaméidi gemaach, dass d'Police de Cyclist emol gestoppt hunn.



Wéi d'Beamten d'Gefier ënnert d'Lupp geholl hunn, ass deenen opgefall, dass um Vëlo selwer e Bensinstank an e Moto vun enger Méimaschinn montéiert war.

Da Mann muss elo mat juristesche Konsequenze rechnen, de Vëlo gouf natierlech vun der Police séchergestallt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.