3. Mäerz 1959D'Barbie feiert dëst Joer hir 60 Joer
Blond, berühmt, beléift a mat geschwë 60 Joer net eng kleng Fal: Déi wuel bekanntste Popp feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag.
vum Sandy Schmit (RTL.lu)

E puer Fakten iwwer d'Barbie:
- Hire richtege Numm ass Barbara Millicent Roberts.
- Hire Gebuertsdag ass den 9. Mäerz 1959, um éischten Dag vun der Spillsaache-Foire zu New York.
- Dat éischten Déier war e Päerd mam Numm "Dancer".
- 1968 gouf eng éischt schwaarz Popp, der Barbie hir Frëndin "Christie". Déi éischt original schwaarz Barbie gouf et 1980.
- D'Barbie huet 3 Schwësteren: Skipper (1964), Stacie (1992) a Kelly (1995).
- De Ken war hiren éischte Frënd. Déi männlech Barbie-Popp koum 1961 eraus.
- Op Valentinsdag 2004 hu sech d'Barbie an de Ken no iwwer 43 Joer getrennt. De grond: De Srufer mam Numm "Blaine"
- No 7 Joer an nees op Valentinsdag (2011), hat d'Barbie-Koppel hire Comeback zesummen.
- All 3 Sekonne gëtt iergendwou op der Welt eng Barbie verkaf.
- Um Weltfraendag, den 8. Mäerz 2018, koum eng besonnesch Kollektioun eraus: D'Fluch-Pionéierin Amelia Earhart, d'Molerin Frida Kahlo an d'Mathematikerin Katherine Johnson.









Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.