Gëllene SteakRibéry beleidegt Kritiker a riskéiert elo eng héich Geldstrof

Wéinst engem gëllene Steak vun iwwer dausend Euro krut de Franck Ribéry e Shitstorm op de sozialen Netzwierker. Konsequenze sinn net ausbliwwen.

© AFP
Wärend der Wanterpaus huet sech de Franck Ribéry ee Steak am Restaurant "Nusr-Et" zu Dubai bestallt. Ma de Kach Nusret Gökçe huet dem Bayern-Star awer net nëmmen een einfacht Steak zerwéiert, mä ee Stéck Ribeye-Steak, dat mat 24 Karat Blatgold iwwerzu war, fir e puer honnert Euro. 




Op dëse Post krut de Fransous allerdéngs hefteg Kritik ze spieren an dat huet hie wuel net verdroen, well hien huet op komplett iwwerdriwwen Aart a Weis dorop reagéiert.

"Loosst eis 2019 de Punkt op den i an de Balken op den t setzen. Fänke mir u mat all den Neideschen, de Rosenen, déi sécherlech duerch ee futtist Kondom entstane sinn: f***t är Mammen, är Groussmammen an äre Familljestammbam. Ech schëllegen iech näischt, mäin Erfolleg hunn ech virun allem Gott ze verdanken, mir a menge Frënn a Famill, déi u mech gegleeft hunn. Dir sidd näischt aneschters ewéi Steng a menge Schong."

© Instagram/franckribery7


Esou Aussoe bleiwen net ouni Konsequenzen
De Bayern-Sportdirekter Hasan Salihamidzic huet nach am Trainingslager zu Doha eng säfteg Geldstrof fir de Ribéry ugekënnegt.

"Hien huet Wierder benotzt, déi mir als Bayern München net acceptéiere kënnen an déi de Franck als Virbild a Spiller vum FC Bayern net benotzen däerf. Ech hu laang mam Franck geschwat an him matgedeelt, dass hien eng héich Geldstrof kritt", sou de Salihamidzic. Iwwert de geneeë Montant, wollt hien awer näischt soen. Beim FC Bayern hätt een nach ni iwwer esou Zuelen eppes gesot, ma hien huet awer verséchert, dass se immens héich wäert sinn.

De Salihamidzic huet zum Schluss awer Versteesdemech gewisen, dass de Fransous rose gi wier, schliisslech war hien invitéiert ginn. Déi ganz Geschicht wier falsch duergestallt ginn an de Ribéry wier doropshin iwwel beleidegt ginn. An net nëmmen hien eleng, mä och nach seng héichschwanger Fra, säi Kand a seng Mamm, déi grad wéinst enger OP am Spidol wier. De Franck hätt sech viru seng Famill gestallt, sech gewiert a si verdeedegt. Dat wier oxh säi gutt Recht an doran géif een hien och ënnerstëtzen. "Leider sinn him dobäi e puer Sätz entgleist", heescht et weider am Statement.