Käfeg-Kämpferin iwwerfallBrigang krut der e puer fatzeger op d'Nues

Do hat e Brigang sech dat falscht Affer erausgesicht, et war nämlech keen Anert wéi d'UFC-Kämpferin Polyana Viana. An dat wousst sech ze wieren.

© Facebook / Polyana Viana
Passéiert ass dat Ganzt a Brasilien, do huet den Onéierlechen wéi gesot "probéiert" eng Fra z'iwwerfalen. Um Enn gouf e brutal zerklappt, wéi een op enger Foto, déi op Instagram zirkuléiert onschwéier erkenne kann.

De Mann wollt den Handy klauen, wéi d'Polyana Viana laanscht d'Strooss stoung op hire Chauffer ze waarden.